Zum Haaptinhalt
Mellt eng Diskriminéierung

D’Diskriminatioun

Wat ass eng Diskriminatioun?

De CET ka fir Diskriminatiounen op Grond vun de 7 folgende Grënn intervenéiren:

  1. vun der tatsächlecher oder supposéierter Zougehéieregkeet oder Net-Zougehéieregkeet zu enger Rass oder enger Ethnie,
  2. vum Geschlecht,
  3. vun der sexueller Orientéierung,
  4. vun der Relioun oder den Iwwerzeegungen,
  5. vum Handicap,
  6. vum Alter oder
  7. vun der Nationlitéit.

Opgepasst: Fir Diskriminierungsmotiv „Nationalitéit“ ass de CET net zoustänneg. 

All direkt oder ondirekt Diskriminatioun op Grond vun dëse Grënn ass verbueden!

Direkt Diskriminatioun

Eng direkt Diskriminatioun geschitt, wann eng Persoun manner gutt behandelt gëtt, ginn ass oder wäert ginn wéi eng aner Persoun, déi an enger ähnlecher Situatioun ass.

 

Indirekt Diskriminatioun

Eng indirekt Diskriminatioun geschitt, wann eng Dispositioun, ee Critère oder eng Praxis, déi neutral schengt, e besonneschen Nodeel fir Persounen op Grond vun enger Nationalitéit, vun enger tatsächlecher oder supposéierter Zougehéieregkeet zu enger Rass oder Ethnie, vum Geschlecht, vun enger sexueller Orientéierung, vun enger Relioun oder vun Iwwerzeegungen, vun engem Handicap oder vum Alter am Verglach zu aner Persounen, verursache kéint. Dëst gëllt net, wann dës Dispositioun, dëse Critère oder dës Praxis objektiv begrënnt ass a wann d’Mëttel dozou ubruecht an noutwenneg sinn.

 

Belästegung

Niewt den Dispositiounen iwwert d’sexuell an d’moralesch Belästegung op der Aarbechtplaz, ass d’Belästegung wéi eng Zort vun Diskriminatioun op Grond vun den uewen erwähnten Grënn unzegesinn, wann en onerwënscht Verhalen, verbonne mat engem vun den viséierte Grënn, sech manifestéiert, deen als Ziel oder als Resultat huet, der Dignitéit vun enger Persoun ze schueden an en intimidant, hostilt, beschiedegend, erniddregend a beleidegend Emfeld ze schafen.

Eng Diskriminatioun läit och fir, wann eng Persoun gezwongen gëtt, eng Diskriminatioun auszeüben.