Zum Haaptinhalt
Mellt eng Diskriminéierung

Einfach Sprooch

All Persoun ass wichteg. All Persoun huet d’Recht gutt behandelt ze ginn. All Persoun muss gläich behandelt ginn. Keng Persoun dierf méi schlecht behandelt gi well si anescht ass. Zum Beispill:

Hierkonft

Well Dir an engem anere Land gebuer sidd. Well Dir eng aner Hautfaarf hutt.

Geschlecht

Well Dir eng Fra sidd. Oder well Dir e Mann sidd. Well Dir eng Fra sidd an Iech wéi e Mann fillt. Well Dir e Mann sidd an Iech wéi eng Fra fillt.

Sexuell Orientéierung

Well Dir eng Fra sidd an eng Fra gären hutt. Well Dir e Mann sidd an e Mann gären hutt. Well Dir Fraen oder Männer gären hutt. Well Dir Fraen a Männer gären hutt.

Relioun a Glawen

Well Dir net u Gott gleeft. Well Dir eng bestëmmte Relioun hutt. Well Dir reliéis sidd.

Behënnerung

Well Dir eng Behënnerung hutt. Oder well Dir keng Behënnerung hutt.

Alter

Well Dir ze al sidd. Oder well Dir ze jonk sidd.

Den Zentrum fir Gläichbehandlung besteet säit dem 28. November 2006. Den Zentrum fir Gläichbehandlung nenne mir CET. Den CET passt op, dass all d’Leit gläich behandelt ginn. E Beispill: Verschidde Leit hunn eng Behënnerung. Si fanne keng Aarbecht wéint hirer Behënnerung. Si gi méi schlecht behandelt wéi aner Persounen wéinst hirer Behënnerung. Dat ass net richteg. Dir kënnt am CET Hëllef kréien. Dir kënnt am CET Informatioune kréien. Zum Beispill: Dir gitt méi schlecht behandelt wéi eng aner Persoun. Dir kënnt et dem CET soen. Dir gesitt, datt eng aner Persoun méi schlecht behandelt gëtt wéi eng aner. Dir kënnt et dem CET soen.

Dir kënnt beim CET uruffen : 28 37 36 35

 

Dir kënnt e Bréif un de CET schreiwen : CET 65, route d’Arlon L-1140 Luxembourg

 

Dir kënnt e Mail un de CET schécken : info@cet.lu