Zum Haaptinhalt
Mellt eng Diskriminéierung

Rot

De CET besteet aus engem Rot vu 5 Memberen, dorënner e*ng President*in. D’Mandat vum*vun der President*in a vun de Memberen dauert 5 Joer. Si gi vum Grand-Duc ernannt, op Virschlag vun der Chamber, je no hire Kompetenzen um Gebitt vun der Gläichbehandlung. D’Mandat vu fënnef Joer kann ee Mol erneiert ginn.

Den aktuelle Verwaltungsrot

Susanna VAN TONDER, President*in
Catia FERNANDES NEVES, Member
Sylvie KERGER, Member
Marc ROLLINGER, Member
Jean-Marc SCHEER, Member

De Rot vun 2019 bis 2024

Patrick HURST, President
Catia FERNANDES, Member
Sylvie KERGER, Member (säit dem 22/04/2022)
Annemie MAQUIL, Member
Anik RASKIN, Member
Nicole SIBENALER, Member (bis zum 31/12/2021)

De Rot vun 2014 bis 2019

Mario HUBERTY, President
Patrick HURST, Member
Paul KREMER, Member
Annemie MAQUIL, Member
Raymond REMAKEL, Member

De Rot vun 2008 bis 2013

Patrick DE ROND, President
Netty KLEIN, Member
Paul KREMER, Member
Anik RASKIN, Member
Raymond REMAKEL, Member

Missioune vum Rot

D’Membere vum CET üben hir Missioun an aller Neutralitéit an Onofhängegkeet aus. Si üben hir Funktiounen aus ouni a laafend Geriichtsprozeduren z’intervenéieren.

D’Informatiounen iwwer eenzel Situatiounen oder Fäll, vun deenen d’Memberen am Kader vun hirer Missioun zur Kenntnis huelen, stinn ënnert dem Beruffsgeheimnis. D’Beruffsgeheimnis schléisst d’Kommunikatioun vun allen Informatiounen, déi eng Diskriminatioun fir d’Affer duerstellen, un déi zoustänneg Geriichtsautoritéiten net aus.

Si kënnen all Informatioun, Beleg oder Dokument nofroen, déi fir d’Ausübung vun hirer Missioun néideg sinn, ausser déi, déi ënner dem “secret médical” oder engem aneren Beruffsgeheimnis stinn.

D’Funktioune vum Member vum CET sinn onkompatibel mam Mandat vun engem Deputéierten, vun engem Member vum Statsrot a vun engem Member vun der Regierung.

Wann ee Member fréizäiteg ersat gëtt, mëcht deen neie Member vum CET dem anere säi Mandat fäerdeg.

Op Urode vun der Chamber kann de Grand-Duc e Member revoquéieren, deen iwwer eng länger Zäit onfäheg ass säi Mandat auszeüben oder d’Honorabilitéit dofir verluet huet.

De CET adoptéiert en internt Reglement, wat déi intern Organisatioun, de Fonctionnement an d’Aarbechtsprozeduren festhällt.

Eemol am Joer adresséiert de CET der Regierung an der Chamber een allgemenge Rapport iwwert seng Aktivitéiten.