Zum Haaptinhalt
Mellt eng Diskriminéierung

Uwennungsberäicher

D’Gesetz vum 28. November 2006 iwwert d’Gläichbehandlung riicht sech un all Persounen, ëffentlech oder privat, physech oder moral, inklusiv ëffentlech Organismen, fir:

  1. d’Konditiounen fir den Accès zur Aarbechtsplaz, onbezuelten Aktivitéiten oder Aarbechten, inklusiv d’Selektiounskriteren an d’Astellungskonditiounen, egal wéi eng Aktivitéitsbranche an op allen Niveauen vun der beruflecher Hierarchie, inklusiv fir d’Promotioun;
  2. den Accès zu all Zort an zu all Niveau vun der beruflecher Orientatioun, vun der beruflecher Weiderbildung, vun der Formatioun fir eng Reconversioun, inklusiv d’Uneegene vu praktescher Erfahrung;
  3. d’Konditiounen vun der Aarbechtsplaz an der Aarbecht, inklusiv d’Konditioune vun der Entloossung an dem Verdingscht;
  4. d’Affiliatioun an den Engagement an enger Aarbechter- oder Employeurenorganisatioun, oder all aner Organisatioun, wou d’Memberen e bestëmmten Beruff ausüben, inklusiv d’Virdeeler vun dëser Zort vun Organsiatioun;
  5. d’sozial Protektioun, inklusiv d’sozial Sécherheet an d’Gesondheetspfleeg;
  6. d’sozial Virdeeler ;
  7. d’Edukatioun ;
  8. den Zougang zu an d’Versuergung mat Produkter an Dingschtleeschtungen och am Beräich vum Logement.

Ongeuecht der Uwendung vum Kapitel I vum Reglement (EU) Nr. 492/2011 vum europäesche Parlament a Rot vum 5. April 2011 iwwert d’Fräizügegkeet vun den Aarbechtsnehmer an der Unioun, betrëfft dëst Gesetz nët d’Behandlungsënnerscheeder op Grond vun der Nationalitéit a begräift och d’Dispositiounen an d’Konditounen iwwert d’Ukommen an den Openthalt vun Staatsbierger vun Drëttlänner a Persounen ouni Heemecht op dem Staatsgebitt. Ennerscheeder kënnen och an der Behandlung mat dem geriichtleche Statut vun dëse Staatsbierger aus Drëttlänner an de Persounen ouni Heemecht bestoe bleiwen.

Ausgeschloss sinn déi iewescht Punkten a) an c) vum Statut vun den Staatsbeamten an den Stagiairen-Fonctionnairen, geméiss Artikel 1 vum modifizéierte Gesetz vum 16. Abrëll 1979.

D’Versementen vun all Zort, bezuelt vun den staatlechen oder assimiléierten Autoritéiten, inklusiv de Staatssystem vun der sozialer Sécherheet oder der sozialer Protektioun, falen net ënner den Uwenndungsberäich vun dësem Gesetz well d’Rass oder d’Ethnie kënnen ausgeschloss ginn.

Den ieweschte Punkt h) gëtt net fir Versécherungsverträg applizéiert, esou laang et sech ëm den Alter oder den Handicap handelt, an ënnert der Viraussetzung datt dës Derogatioun objektiv a verstänneg begrënnt ass.